Kontaktéiert eis

(+352) 26 56 86 66

Schéckt eis ee E-mail!

Contact details:

Message:

Votre message a été envoyé ! Close this notice.

Autos Versécherung Devis

Contact :

Votre Voiture:

Votre demande a été envoyé ! Close this notice.

Haus Versécherung Devis

Votre Habitation:

Contact:

Votre demande a été envoyé ! Close this notice.

Liewensversécherung Devis

Montant de l'assurance

Contact :

Votre demande a été envoyé ! Close this notice.

DKV Devis

Contact :

Votre demande a été envoyé ! Close this notice.

Auto Umeldung

D’Umeldung vun engem Auto

Ier Dir en Auto zu Lëtzebuerg umellt ,muss ee FormulaireDEMANDE EN OBTENTION D’UN CERTIFICAT D’IMMATRICULATION POUR UN VÉHICULE ROUTIERausgefëllt ginn, mat engem Chancelleriestimber vun 50 € oder 2 x 50 € am Fall vun enger personaliséierter Plack,, déi vum Enregistrement oder vun der Kontrollstatioun zur verkaaf gëtt. (Timberen kënne vun bei der SNCA kaaft ginn géint ee supplément vun 3 € )

Eng Plackennummer gëtt zougewisen, wann den Demandeur den Numm an de Virnumm, souwéi seng Adress a seng Sécurité Sociale ugëtt.

STATION SANDWEILER

11 rte. de Luxembourg

L-5230 SANDWEILER

STATION ESCH ALZETTE

22-28 rue Jos Kieffer

L-4176 ESCH ALZETTE

STATION WILWERWILTZ

rue de Pintsch

L-9776 WILWERWILTZ

Ufro fir Plackennummer

Demande vun der Plackennummer fir Äert Gefier kënnt der beim Transportministère ufroen:

    • per email : nplaques@snca.lu
    • per Telefon : +352 357214 – 237
    • per Fax : +352 357214 – 246

Eng Plackennummer gëtt zougewisen wann den Demandeur folgend Detailer ugëtt : den Numm an de Virnumm, souwéi seng Adress.

Eng personaliséiert Plackennummer kann iwwert den Interaktiven Site vun der SNCA ugefrot ginn,

D’Plackennummeren kënnt der hei sichen goen :

GRÜN Signalisation

35 Rue des Scillas

L-2529 Howald

Tél: 49 61 62

Weroco

Zone Industrielle Rolach – Hall 2

L-5280 Sandweiler

Tél: 72 02 06

Lux-Plaques

2, Grand-Rue

L-9710 Clervaux

Tél: 28 79 64 76

LUX Signalisation

30 Rue Joseph Kieffer

L-4176 Esch-sur-Alzette

Tél: 26 55 22 07

Rue de Luxembourg Op der Hokaul

L-5230 Sandweiler

Tél: 52 22 57

Zone Industrielle J-P Thill

L-9085 Ettelbruck

Tél: 26 80 02 14

Dée Grëng Kaart

Eng gültege Gréng Kaart (Beweis vun Haftflichtversécherung) gëtt ausgestallt vun enger zu Lëtzebuergescher Versécherungsgesellschaft an ass absolut noutwendeg ier Dir op Kontrollstatioun gitt.

Fir datt Dir eng Gréng Kaart kritt, brauche mir folgend Informatiounen:

    1. Ären Numm, Virnumm, Adress an den Gebuertsdatum vum neien Propriétaire
    2. D’Marque an den Modell vum Auto
    3. D’Plackennummer
    4. D’Chassisnummer
    5. Déi éischt Umeldung
    6. D’Kubikunzuel vum Auto
    7. Wéi vill KW den Auto huet

Dir kënnt eis des Informatiounen hei matdeelen

    • per email : info@dein-agent.lu
    • per fax : +352 26 56 86 77
    • per Telefon : +352 26 56 86 66

Dir kënnt déi Gréng Kaart per Post geschéckt kréien oder op folgend Adresse sichen kommen :

Bureau d’Assurances Germain Delagardelle

12, rue Treeschheck

L-3321 Berchem

La Luxembourgeoise

9, rue Jean Fischbach

L-3372 Leudelange

Den Import Zertifikat

Dëst betrëfft NËMMEN Autoen déi op Lëtzebuerg importéiert ginn

Fir d’Gefier ze dédouaneiern musst Dir mam Gefier bei Douane goen fir e 705 Sticker ze kréien .

Dir kënnt Büroen zu Dikrech, Gréiwemaacher, Esch-Uelzecht oder am Centre Douanier zu Gasperech – P&R Lux-Sud / Luxembourg-Ville kontaktéieren.

De 705 Sticker ass en Dokument vun der Douane déi beweist datt e Gefier dat kann ugemellt ginn an en règle ass mam Douanne Reglement.

Fir daat ze kréien, muss de Keefer folgend Dokumenter presentéieren:

    • déi al Umeldung (wann d’Gefier schonn a Betrib war);
    • d’Original vum Zertifikat de Conformité (am Fall vun enger Occasioun aus dem Ausland, muss de Zertifikat de Conformité net presentéiert ginn);
    • d’Originalrechnung vun der Occasioun oder Contrat de Vente, soss d’Bestellung, oder den Beweis vun der Bezuelung;
    • d’Plackennummer déi dir virdru ugefrot hutt wann d’Gefier nach keng huet;
    • d’Gréng Kaart ;
    • d’Securité Sociale Nummer (13 Zifferen) oder d’Steierregistréierungsnummer.
    • All Dokumenter déi der mat op Douane huelt musse sinn Originaler. Si ginn da vun der Administratioun zréckgeschéckt.

De Privatmann muss och folgend Dokumenter matbréngen:

    • Ee certificat de résidence dass dir zu Lëtzebuerg wunnt ;
    • d’Importdeklaratioun am beschten vun der Douane ausgestallt ;
    • en Identitéitsdokument (Identitéitskaart oder Pass).

Et brauch keng TVA bezuelt ginn wann d’Gefier zënter op d’mannst 6 Méint am Ausland registréiert ass respektiv méi wéi 6000 km gefuer ass.

Umeldungsservice

Wann Dir dat net alles wëllt selwer maachen kënnt Dir och vun engem ALL INCLUSIVE Service vun eisem Partner CT’GO profitéieren.

Dir braucht Placken ? Zéckt net eis Partner ze kontaktéieren: Placken-Atelier.

SaveSave

Comments are closed.

Informations

Bureau d'Assurances
Germain Delagardelle

12, rue Treeschheck
3321 Berchem

Contact

E-mail:
info@dein-agent.lu

(+352) 26 56 86 66

Heures d'ouverture :
8:30h - 12:00h
13:30h - 17:30h